Marjane Satrapi
iranesch-franséisch Cartoonistin
D'Marjane Satrapi, gebuer denn 22. November 1969 zu Racht, am Iran, a gestuerwen den 3. oder 4. Juni 2026 zu Paräis, war eng iranesch-franséisch Auteure vu Bande-dessinnéeën a Filmregisseurin.
| Marjane Satrapi | |
|---|---|
![]() | |
| Gebuertsnumm | Marjane Ebrahimi |
| Gebuer | 22. November 1969 |
| Gestuerwen |
4. Juni 2026 Paräis |
| Nationalitéit | Iran, Frankräich |
| Aktivitéit | Filmregisseurin, Comiczeechnerin |
| Member vun | Académie des beaux-arts |
| Auszeechnungen | Commandeur des Arts et des Lettres, Chevalier vun der Légion d'honneur |
| Famill | |
| Bestuet mat | Mattias Ripa (1996–8.4.2025) |
|
| |
Si gouf international bekannt mat hirem autobiografesche Comic Persepolis, an deem se a 4 Bänn hir Kandheet a Jugend am Iran an duerno zu Wien an a Frankräich an den 1980er-1990er Joren theematiséiert huet. Si huet och d'Regie bei der Verfilmung als Zeechentrickfilm gefouert, woufir si 2007 beim Filmfestival vu Cannes mam Jurypräis ausgezeechent gouf an 2008 eng Oscar-Nominéierung krut.
Spéider huet si och Filmer an anere Genrë realiséiert.
Si huet och nach e puer weider BDe gemoolt, déi deelweis am Iran spillen, a war als Molerin aktiv.
Wierker
änneren- Persepolis, éd. L'Association, Paris
- Tome 1, 2000 (ISBN 2-84414-058-0)
- Tome 2, 2001 (ISBN 2-84414-079-3)
- Tome 3, 2002 (ISBN 2-84414-104-8)
- Tome 4, 2003 (ISBN 2-84414-137-4)
- Intégrale : Monovolume, 2007 (ISBN 978-2-84414-240-5)
- Sagesse et malices de la Perse, mam Lila Ibrahim-Ouali a Bahman Namwar-Motalg, éd. Albin Michel, Paris, 2001
- Les Monstres n'aiment pas la lune, éd. Nathan, Paris, 2001
- Ulysse au pays des fous, mam Jean-Pierre Duffour, éd. Nathan, Paris, 2001
- Ajdar, éd. Nathan, Paris, 2002
- Broderies, éd. L'Association, Paris, 2003 (ISBN 2-84414-095-5)
- Poulet aux prunes, éd. L'Association, Paris, 2004 (ISBN 2-84414-159-5)
- Le Soupir, éd. Bréal Jeunesse, Rosny-sous-Bois, 2004
Filmographie
änneren- 2007: Persepolis (mam Vincent Paronnaud)
- 2011 Poulet aux prunes (mam Vincent Paronnaud]
- 2013: La Bande des Jotas
- 2014: The Voices
- 2019: Radioactive
- 2024: Paradis Paris
Um Spaweck
änneren| Commons: Marjane Satrapi – Biller, Videoen oder Audiodateien |

