Tigris
Den Tigris (Akkadesch Idiglat, Aramäesch: Deqlath, Didschla, Alpersesch: Tigrā, Arabesch: دجلة, Hebräesch: חידקל, ("Hiddekel" oder "Chidekel"), Tierkesch: Dicle a Kurdesch: Dîcle) ass e knapp 1.900 Kilometer laange Floss a Klengasien. En entsteet aus dem Zesummefloss vum Maden Çayı a vum Dibni Çayı, déi hir Quellen an den Taurusbierger, am Oste vun der Tierkei hunn, an déi vum Dicle-Barrage gestaut ginn.
|
| |
| Längt | 1.850 km |
|---|---|
| Debit | 1.014 m³/s |
| Hydrographesche Baseng | Persesche Golf |
| Fläch vum Anzuchsgebitt | 375.000 km² |
| Originn | |
| Originn | Zesummefloss Maden Çayı an Dibni Çayı |
| Plaz | Dicle-Barrage |
| Koordinaten |
47° 53’ 22’’ N 6° 53’ 34’’ O |
| Konfluenz | |
| Leeft an | zesumme mam Euphrat zum Schatt al-Arab |
| Plaz | bei Al Qurnah |
| Héicht | 59 m |
| Haaptnieweflëss | زێی گچکە |
| Geographie | |
| Land |
|
|
| |
|
| |
Den Tigris leeft fir d'éischt Richtung Süden, da Südosten, duerch d'Provënz Diyarbakır. Méi spéit mécht en op enger kuerzer Distanz d'Grenz mat Syrien. Dono leeft en da queesch duerch den Irak, wou e sech um Enn mam Euphrat zum Schatt al-Arab vereenegt, deen dann an de Persesche Golf leeft. Den Tigris huet a Baseng vun 375.000 km².
Zesumme mam Euphrat bilt den Tigris Mesopotamien, déi Landschaft, an där sech déi éischt Héichkulturen entwéckelt hunn.
Nieweflëss
ännerenvu lénks:
- Anbarçayı
- Kuruçay
- Pamukçayı
- Hazroçayı
- Batman Çayı
- Garzan
- Botan Çayı
- Hezil
- Chabur
- Groussen Zab
- Klengen Zab
- Diyala
- Lesky
vu riets:
