Messina
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der sizilianescher Stad Messina. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Messina (Homonymie). |
Messina ass déi drëttgréisste Stad vu Sizilien (Italien) a gläichzäiteg de Verwaltungssëtz vun der Provënz Messina.
| Messina | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Italien |
| Regioun | Sizilien |
| Provënz | Messina (ME) |
| Koordinaten | 38°11'37"N, 15°33'15"O |
| Fläch | 213,75 km² |
| Awunner | 218.786 (1. Januar 2023) |
| ISTAT | 083048 |
|
| |
|
| |

Messina ass doduerch bekannt, datt do déi sougenannt Konferenz vu Messina vum 1. bis den 3. Juni 1954 war. D'Ausseministere vun der Montanunioun, dorënner och de Joseph Bech, sinn deemools zu Messina zesummekomm, fir ze berode wéi se d'Europäesch Zesummenaarbecht nom Echec vun der Europäescher Verdeedegungsgemeinschaft (CED) kéinte relancéieren.
Geographie
ännerenMessina huet 218.786 Awunner (Stand 1. Januar 2023)[1] déi op enger Fläch vun 213,75 km² liewen. D'Wirtschaft ass duerch d'Industrie gestempelt, d'Awunner sinn a Schëffschantercher, an der Liewensmëttelindustrie, an der Metallveraarbechtung an och an der cheemescher Industrie beschäftegt.
D'Stad läit un der Strooss vu Messina. Ongeféier 90 Kilometer südlech läit Catania a ronn 230 Kilometer westlech d'Haaptstad vun der Regioun, Palermo. Den Etna, dee mat méi wéi 3.300 m den héchste Vulkan vun Europa ass, läit ronn 70 km südwestlech vu Messina.
Biller
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
