Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Erasmus+ (geschwat „Erasmus Plus“) ass e Programm vun der Europäescher Unioun fir d'Zesummenaarbecht tëscht Bildungsariichtungen an d'Mobilitéit vu Persounen am Beräich vun der allgemenger an der berufflecher Bildung, vun der Jugend an dem Sport ze fërderen. De Programm riicht sech u Schüler, Léierbouwen a -meedercher, Studenten, Enseignanten, Educateuren, Jugendlecher souwéi allgemengt Verwaltungspersonal. Gefërdert gi kuerz- a laangfristeg Echangen, Eenzel- a Gruppentreffen. Nom Prinzip vum liewenslaange Léiere besteet d'Méiglechkeet fir Studienopenthalter, Stagë fir Studenten an Apprentien, Léier- a Weiderbildungsaktivitéiten, Jugendaustausch, Jugendaarbecht a Moossnamen am Beräich vum Sport a ganz Europa an deelweis och doriwwer eraus ze maachen.